Wat baussen a wat bannen: Nicolas Bouvier – Gedichter vun engem Reesenden

Schedule

Tue Sep 22 2026 at 06:30 pm to 07:30 pm

UTC+02:00
Location

2 Rue Genistre, L-1623 Ville Haute, Luxembourg | Luxembourg, LU

Advertisement
Wat baussen a wat bannen: Nicolas Bouvier – Gedichter vun engem Reesenden
En Owend mat der Luisa Bevilacqua, dem Robert Weis an dem Florent Toniello
Tabriz, Kyoto, Sri Lanka, New York, Genf … Den Schwäizer Schrëftsteller Nicolas Bouvier (1929-1998) huet iwwer all déi Joren, wou hie gereest ass, ëmmer nees Gedichter geschriwwen. Hien huet Zäit senges Liewens awer just ee Gedichtband erausbruecht, Le Dehors et le Dedans (Wat baussen a wat bannen, an der lëtzebuergescher Iwwersetzung), deen aus 44 Texter besteet, déi tëscht 1953 an 1997 geschriwwen an ëmmer nees nei opgeluecht an ergänzt goufen. Michikusa Publishing, e Lëtzebuerger Editeur spezialiséiert op Poesie, proposéiert dëse Klassiker vun der Reesliteratur elo och op Lëtzebuergesch, an enger Iwwersetzung vu Robert Weis a Florent Toniello, mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vum Nico Helminger.
Op dësem Owend liest d’Luisa Bevilacqua Gedichter vum Nicolas Bouvier op Lëtzebuergesch an dialogéiert mat den Iwwersetzer Robert Weis a Florent Toniello iwwert dem Bouvier seng Poetik, d’Reesen als Metapher vum Liewen, an d’Lëtzebuergesch als Literatursprooch.
D’Luisa Bevilacqua ass Erzielkënschtlerin, Schauspillerin a Poetin. Hir Aarbecht besteet haaptsächlech doran, Wierder kierperlech a stëmmlech ëmzesetze fir Biller an de Käpp vun de Leit opbléien ze loossen.
Den Robert Weis ass Auteur, Poet an Paleontolog. Hien ass och Editeur vun Poesie an iwwersetzt geleeëntlech Texter aus dem Franséischen op Englesch, Italieenesch an Lëtzebuergesch.
De Florent Toniello ass Poet a Correcteur. Hien iwwersetzt reegelméisseg Gedichter aus dem Engleschen, dem Däitschen, dem Lëtzebuergeschen oder dem Islänneschen op Franséisch fir Websäiten oder Poesiezäitschrëften.

Obligatoresch Umellung:
https://citybiblio.lu/event/mardis-litteraires--nicolas-bouvier oder [email protected]
Advertisement

Where is it happening?

2 Rue Genistre, L-1623 Ville Haute, Luxembourg

Event Location & Nearby Stays:

Know what’s Happening Next — before everyone else does.
L\u00ebtzebuerg City Biblioth\u00e8que
Host or PublisherLëtzebuerg City Bibliothèque

Ask AI if this event suits you