Tufting Workshop
Schedule
Sat Apr 18 2026 at 10:00 am to 04:00 pm
UTC+02:00Location
Café Miche Sàrl | Diekirch, DI
Advertisement
Mir hun eis erëm Eppes flottes afaalen geloos :-)Mat eisem léiwe Christelle proposéieren mir Iech ee Work-Shop wou Dir selwer en Tapis kennt maachen.
Daat ganzt nennt sech Tufting an ass eng richteg flott Aktivitéit.
Dir kennt Iech Art Motif selwer eraussichen a kritt vum Christelle d'Ennerstëtzung fir Äre Projet ze réaliséieren.
Zum Work-Shop:
-Ab 18 Joër.
-nëmmen op Reservation an maximum 4 Persounen, rufft am Café un oder kommt laanscht fir ze reserveieren. Mir gin Iech deen Ament d'Kontosnummer an Är Platz ass och just gesechert / reservéiert wann de Cours bezuelt ass.
-bis den 16 Abrëll musse mir dann och Ärt Wonschmotiv hun.
-165,00 € pro Person ( Do ass e Pasta-Buffet, 1 Steck Kuch an natierlech d'MAterial an den Tapis inclus)
-Den Tapis gëtt gepëscht a fäerdeg gemach vum Christelle, an dir kennt dann den 22.Abrëll Ären färdegen Tapis bei eis am Café Miche ofhuelen.
Mir freeën eis op e flotten Work-shop mat Iech :-)
Advertisement
Where is it happening?
Café Miche Sàrl, 8 Rue de Brabant,Diekirch, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays:
Know what’s Happening Next — before everyone else does.





