Zwou Frëndinnen
Schedule
Sat, 25 Apr, 2026 at 08:00 pm
UTC+02:00Location
23, Grand Rue, 9410 Vianden, Luxembourg | Diekirch, DI
Advertisement
Am Liewen kënnt et meeschtens anescht wéi geplangt. Do sinn zwou Frëndinnen, Ufank véierzeg, festgeluecht an engem Zwou-Woche-Ritual vu Wäin, Wierder a klenge Liewesligen. Alles leeft no Plang – bis eng vun hinnen en neien opstellt: Si wëll stierwen. Roueg, bewosst, um Kannapee. Einfach ausootmen.Déi aner reagéiert mat dem ganze Repertoire aus Schock, Vernonft a Frëndschaft. Mä géint esou vill Geloossenheet kënnt kee gudde Rot un. Also mécht si mat – als leschte Beweis vu Loyalitéit.
Wat sech dann entwéckelt, ass eng schif Koméidi voller Mëssverständnisser, Kontrollverloscht a ganz vill Liewenswëllen. Well wann een den Doud ze genee plangt, kënnt d’Liewe gär dertëschent. An um Enn ass d’Fro net, wie stierft – mee wien hei eigentlech wie spillt. A wann ee fäerdeg ass mam Liewen, fänkt et meeschtens eréischt un.
Advertisement
Where is it happening?
23, Grand Rue, 9410 Vianden, Luxembourg, 23 Grand-Rue, L-9410 Vianden, Luxembourg, DiekirchEvent Location & Nearby Stays:
Know what’s Happening Next — before everyone else does.




