Petite Messe Solennelle
Schedule
Sat Apr 18 2026 at 08:00 pm to 10:00 pm
UTC+02:00Location
Eglise Paroissiale Diekirch | Diekirch, DI
Advertisement
Ensemble Vocal Cantica DiekirchParkierch Dikrech
Samschdes, den 18.04.2026 um 20.00 Auer
Petite Messe Solennelle
---------------------------------------------------------------
Gaby Wolter-Boever, Sopran. Myriam Pütz-Weisgerber, Alt.
Marc Dostert, Tenor. Manfred Logeling, Bass.
Alain Pütz, Piano. Jonah Pütz, Harmonium.
Jean-Paul Majerus, Direktioun.
----------------------------------------------------------------
Dem Rossini seng Petite Messe Solennelle gouf zu Passy, enger klenger Uertschaft bei Paräis komponéiert an zielt zum Rossini senge leschte Wierker, déi hie selwer als “péché de vieillesse” bezeechent huet.
Mat 71 Joer kënnt den Operemeeschter iwwerraschend bei d’Kierchemusek zeréck a komponéiert eng Mass, déi wéi keng aner, Melodien an Harmonie aus der italieenescher
Oper, zesumme mat Kontrapunkt à la Bach verbënnt.
Déi éischt, an dem Rossini seng léifst Versioun vun der Petite Messe Solennelle ass fir Piano an Harmonium. Spéider huet de Rossini en zweete Piano derbäi komponéiert, ier hien dann op Wonsch eng Orchesterversioun geschriwwen huet.
An dëser Opféierung héiere mir déi éischt Versioun. D’Petite Messe Solennelle, e Chefd’œuvre mat grousser Spiritualitéit a musikalescher Originalitéit, sou wéi de Rossini selwer sot: “Est-ce de la musique sacrée que je viens de faire ou de la sacrée
musique?”
------------------------------------------------------------------
Solennelle ? Oui ! Petite ? Pas vraiment ! Et certainement pas silencieuse.
La Petite Messe Solennelle de Rossini est une œuvre sacrée pleine de brillance, de drame
et d’ironie. À 71 ans, le roi de l’opéra revient à la musique d’église… mais à sa façon. Il
surprendra tout le monde : C’est sacré ? Oui !
L’œuvre de Rossini déborde de vie et d’esprit. Un feu d’artifice sacré.
****************************************************************
ENTREE: 25€ / 15€ / Kulturpass / FREESEATING!
Reservatioun ab dem / à partir du 01.03.2026
T.: 691 39 51 15 / [email protected]
Advertisement
Where is it happening?
Eglise Paroissiale Diekirch, 12 Place de la Libération, L-9255 Diekirch, Luxembourg, DiekirchEvent Location & Nearby Stays:
Know what’s Happening Next — before everyone else does.







