Live Cinema – Big Screen, Live Sound
Schedule
Sat, 25 Apr, 2026 at 07:30 pm to Sun, 26 Apr, 2026 at 05:00 pm
UTC+02:00Location
Centre Sportif Schifflange | Esch-sur-alzette, LU
Um groussen Ecran kënnt dir iech vu Klassiker wéi Laurel & Hardy, dee mir vu silentfilmmusic.com zur Verfügung gestallt kréien, an Charlie Chaplin matrappe loossen, wärend eisen Orchester fir déi passend musikalesch Ënnermolung suergt. 🎬 Hei wärt dir ënnert anerem och dem Komponist Otto Schwarz begéinen.
Wat dir vläicht schonn am grousse Kader erlieft hutt, bréngt d'Schëfflenger Musek elo fir iech an de Centre sportif. Mat de passenden Effekter a Snacks 🍿 suerge mir fir eng authentesch Live-Kino-Erfarung.
Leent iech zeréck a genéisst – fir de Rescht suerge mir! 😌
Wéi gewinnt gëtt et och passend zum Thema eppes z’iessen, e leckere Cocktail, souwéi aner Gedrénks. 🍹🌯 Sou kënne mir an der Paus, virun a virun allem nom Concert nach e gesellege Moment mat iech verbréngen.
Mir hoffen, iech ganz zuelräich ze begréissen an en onvergiesslechen, cineasteschen a musikaleschen Owend mat iech ze verbréngen. 🤩
📅 Wéini?
25. Abrëll um 19:30
26. Abrëll um 17:00
📍 Wou?
Centre sportif Schëffleng
🎟 Entrée fräi
Aus organisatoresche Grënn biede mir iech awer, iech unzemellen. Dat kënnt dir per E-Mail ([email protected]), per Direktnoricht op Facebook oder Instagram oder mat engem Message op eisem Répondeur maachen: (+352) 54 44 09.
➡️ Mellt iech elo un – mir freeën eis op iech!
Where is it happening?
Centre Sportif Schifflange, 12 rue du Parc,Schifflange, Esch-sur-alzette, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays:




![NEXT DEED [EP RELEASE SHOW] \u2022 Rockhal, Luxembourg](https://cdn-ip.allevents.in/s/rs:fill:500:250/g:sm/sh:100/aHR0cHM6Ly9jZG4tYXouYWxsZXZlbnRzLmluL2V2ZW50czcvYmFubmVycy9hMWNmZWM4YTkxMWYzYmU0ZjYzY2I3ZTFiMThkZWUxOThmNTFlZThhMGE5NjVjMzAwNmJiYmI4YzczNzAyNjRjLXJpbWctdzEyMDAtaDYzMS1kYzFhMWExYS1nbWlyP3Y9MTc3NjA1ODA2Ng.avif)









![CARISA DIAS + NAOMI AY\u00c9 [ROCKLAB LIVE SESSIONS] \u2022 Rocklab](https://cdn-ip.allevents.in/s/rs:fill:500:250/g:sm/sh:100/aHR0cHM6Ly9jZG4tYXouYWxsZXZlbnRzLmluL2V2ZW50czQvYmFubmVycy8xN2QwMzMyNmYzNzlmYTNiNzM1MGU5OWIyYjY1Yjk0NjdmZTlkNjU0MWI4YjkwNThlYzhjZDI4ZTYwMmFlNzQyLXJpbWctdzEyMDAtaDYzMS1kYzFhMWIxZC1nbWlyP3Y9MTc3NTkzMTI2NA.avif)


