Konferenz „Meng Stëmm – Mäin Impakt: Kanner schwätze mat!“

Schedule

Tue Oct 27 2026 at 01:00 pm to 07:00 pm

UTC+01:00
Location

Chalet Geisserei, Scout Hall | Luxembourg, LU

Advertisement
🇱🇺 Am Kader vun der 5. Editioun vun der Woch vun der Demokratie invitéiert Iech de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) an dem Kannermusée Plomm, op d’Konferenz „Meng Stëmm – Mäin Impakt: Kanner schwätze mat!“.
Dës steet ganz am Zeeche vun enger wichteger Fro: Wéi kënne mir d’Participatioun vu Kanner a Jonke stäerken? A wéi kënne si besser an Decisiounen agebonne ginn, déi si betreffen?
D’Konferenz riicht sech un d’Enseignanten an Erzéier aus de Grondschoulen, SEA Strukturen an aneren Ariichtungen, déi Participatioun an hirer Praxis ëmsetze wëllen oder schonn Erfarung domat hunn.
Um Programm:
🟠 13:00 Auer: Accueil a Mëttegiessen
🟠 14:00 – 17:00 Auer: Workshops fir Enseignanten an Erzéier aus dem Enseignement fondamental an de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (SEA)
🟠 17:30 – 19:00 Auer: ëffentlech Table ronde mat Vertrieder aus dem Schoulberäich, dem SEA-Beräich an de Gemengen.
🤝 Den Dag kléngt mat engem gemittleche Patt aus, deen en Austausch tëscht de Participanten erméiglecht.
Umeldung an Informatiounen op https://edulink.lu/26j6
Mir freeën eis, Iech op dësem Dag begréissen ze kënnen an eis zesummen iwwer d’Plaz vu Kanner a Jonken an enger lieweger a partizipativer Demokratie auszetauschen.
De ganze Programm an d’Aktiounen am Kader vun der Woch vun der Demokratie fannt Dir ab September op www.demokratiewoch.lu.

🇫🇷 Dans le cadre de la 5e édition de la Semaine de la démocratie et de la citoyenneté, le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, en partenariat avec le Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) et le Kannermusée Plomm, vous invite à la conférence « Meng Stëmm – Mäin Impakt: Kanner schwätze mat! ».
Cette journée sera consacrée à une question essentielle : comment renforcer la participation des enfants et des jeunes dans les décisions qui les concernent ?
Au programme :
🟠 13 h 00 : lunch d’accueil.
🟠 14 h 00 – 17 h 00 : ateliers de formation destinés au personnel enseignant de l’enseignement fondamental et au personnel socio-éducatif des structures d’éducation et d’accueil (SEA), souhaitant développer ou partager des pratiques participatives.
🟠 17 h 30 – 19 h 00 : table ronde ouverte au grand public, réunissant des représentants du milieu scolaire, du secteur SEA et du secteur communal.
🤝 La journée se clôturera par un moment convivial favorisant les échanges entre les participants.
Inscriptions et plus d’informations sur https://edulink.lu/26j6
Nous nous réjouissons de vous accueillir pour réfléchir ensemble à la place des enfants et des jeunes dans une démocratie vivante et participative !
L’ensemble du programme et des activités organisées dans le cadre de la Semaine de la démocratie sera disponible à partir de septembre sur www.demokratiewoch.lu.

Advertisement

Where is it happening?

Chalet Geisserei, Scout Hall, Rue Munchen-Tesch,Luxembourg, Luxembourg

Event Location & Nearby Stays:

Know what’s Happening Next — before everyone else does.
Minist\u00e8re de l'\u00c9ducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Host or PublisherMinistère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

Ask AI if this event suits you