Konferenz - Verbindunge fir d’Biodiversitéit
Schedule
Tue May 20 2025 at 06:30 pm to 08:00 pm
UTC+02:00Location
25, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg | Luxembourg, LU
Advertisement
Verbindunge fir d’Biodiversitéit: wat gréng, blo a schwaarz Netzwierker zu Lëtzebuerg bewierkenOp dësem Owend, wäerte mir iech d’Wichtegkeet vun der ekologescher Connectivitéit tëscht de natierlechen Habitater virstellen. Strukturen déi des Habitater verbanne schafen Netzwierker déi et den Déieren- a Planzenaarten erlaben sech kënne ze beweegen an sech soumat kënnen z'ernären, ze reproduzéieren oder ze raschten. Dës Netzwierker ginn oft als Tramme bezeechent a sinn essenziell fir d’Erhale vun der Biodiversitéit.
Riedner: Dr Sandra Cellina, Carole Molitor, Tiago De Sousa
Dr Sandra Cellina ass Zoologin a Cheffe vum Naturservice vun der Naturverwaltung.
D’Carole Molitor ass Limnologin a Responsabel vum Service Ecologie et Pêche op der Waasserverwaltung.
Den Tiago De Sousa ass Ekolog a Chargé d’études beim Naturservice vun der Naturverwaltung.
Dir héiert 3 Virträg:
Trame verte – Méi wéi Hecken (Dr Sandra Cellina, ANF)
Trame bleue – Vun der Sauer bis an d’Mier a rëm zeréck (Carole Molitor, AGE)
Trame noire – Ee Reseau fir déi nuetsaktiv Biodiversitéit (Tiago De Sousa, ANF)
Advertisement
Where is it happening?
25, rue Münster, 2160 Luxembourg, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays:
