UNESCO natierlech I Moving Pictures for Living Heritage: Naturel, culturel, immatériel
Schedule
Wed Sep 17 2025 at 07:00 pm to 08:00 pm
UTC+02:00Location
Centre national de l'audiovisuel (CNA) | Dudelange, LU
Advertisement
☀️ Dëse Summer ass d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun op der LUGA (Luxembourg Urban Garden) mat enger Serie vu 7 ëffentleche Konferenze vertrueden, déi tëschent August a September stattfannen. Ënnert dem Titel „UNESCO natierlech“ ginn an dëse Konferenzen eis Relatioune mat der Natur thematiséiert. 🎥 De Patrick Dondelinger, Responsabel beim Kulturministère fir d’UNESCO-Konventioun vun 2003 iwwert d’Erhale vum immaterielle Kulturierwen, an den Thierry Cumini, kreativen Direkter bei Pulsa Pictures, setze sech mat enger poetescher Thematik auserneen: Wéi kann een dat liewegt Ierwen am Film festhalen?
🌿 Hir dokumentaresch Aarbecht exploréiert e spezifescht Feld vum immaterielle Kulturierwen, esou wéi et vun der UNESCO definéiert gëtt: d’Wëssensformen an d’Praktiken am Zesummenhang mat der Natur an dem Universum. Dës Traditioune gi vu Generatioun zu Generatioun weiderginn, a veränneren sech permanent am Kontext vun de Communautéiten – ofhängeg vun hirem Ëmfeld, hirer Bezéiung zur Natur an hirer Geschicht.
Am Kader vun der Ausstellung „Transhumance“, déi am CNA (CNA/LUGA) gewise gëtt, an am Kader vun den "Journées européennes du Patrimoine 2025".
📣 Lëtzebuergesch 🇱🇺 (LU)
📍 CNA (Centre national de l’audiovisuel),
1B rue du Centenaire L-3475 um 19h00
👉 Gratis Entrée
Advertisement
Where is it happening?
Centre national de l'audiovisuel (CNA), 1B Rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg, DudelangeEvent Location & Nearby Stays: