Stand Up Comedy Night

Schedule

Sat Apr 25 2026 at 08:00 pm to 10:00 pm

UTC+02:00

Location

Centre Culturel "Beim Nëssert" | Pontpierre, LU

Advertisement
De Schäfferot vun der Gemeng Monnerech invitéiert e Samschdeg, de 25. Abrëll op eng Stand Up Comedy Night am Centre Culturel "Beim Nëssert" zu Biergem.
Op der Bün:
*** Grek Melmer ***
No bal 18 Joer Improvisatiounstheater sot de Grek sech, dass et un der Zäit wier, seng Gedanken ze sortéieren a virzedroen. Am wëlle Weste vu Lëtzebuerg, spréch zu Ollem, wou hie grouss ginn ass, huet hie geléiert, dass et méi einfach wier, d‘Liewen net ze vill eescht ze huelen, wéi sech driwwer opzereegen. Dofir klëmmt hien ëmmer erëm gären op d‘Bün fir mat de Léit ze laachen.
*** Shayan Mehr ***
De Shayan ass e lëtzebuergesche Komiker mat iraneschen Originnen, deen et mat der Integratioun zu Lëtzebuerg wuel ze eescht geholl huet, well hie mëttlerweil souguer Comedy op Portugisesch mécht. Ofgesinn dovunner mécht hie Comedy a
5 verschiddene Sproochen. A sengem Programm zielt hien iech
ënner anerem Deeler aus sengem Liewen hei zu Lëtzebuerg.
Opwuesse mat Portugisen, Frontalieren an aneren Nationalitéiten,
huet säin Horizont net nëmmen humoristesch erweidert, mee och kulturell.
*** Luca Menichetti ***
De Luca ass eise lëschtegen Aide-Soignant, deen an deene leschte Joren, Woch fir Woch op oppene Bünen stoung, fir sech ëmmer rëm e stabille Programm zesummen ze stellen. De Luca ass hallef Italieener an hallef Portugis, wat jo usech kee Probleem ass, soulaang keng Fussballweltmeeschterschaft ass, well da kéint et scho mol zu interne Konflikter mat sech selwer kommen.
*** Deepu Dileepan ***
Den Deepu ass de Grënner vun deenen éischte Standup Comedy Open Mics op englescher Sprooch zu Lëtzebuerg, an hat scho sëlleg Optrëtter uechter Europa, an den USA souwéi an Indien. Seng Lëtzebuergesch-Kenntnisser huet hien op der Bün gesammelt a verbessert sech ëmmer méi. Ganz interessant a
witzeg nozelauschteren.
*** Elian Habra ***
Den Elian Habra, och Habra Kadabra genannt, ass virun 11 Joer vu Syrien op Lëtzebuerg komm. Net iwwert d’Balkan-Route, mee ganz normal mam Fliger. Hie war scho vill zu Lëtzebuerg souwéi an de Nopeschlänner ënnerwee an huet eng ganz schlau souwéi witzeg Aart a Weis, Situatiounen aus dem Alldag ze beschreiwen.
Reservéiert elo är Plazen iwwer Ticket24.lu.
Doors: 19h00, Show: 20h00 - First come, first serve.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.
Advertisement

Where is it happening?

Centre Culturel "Beim Nëssert", 14 Rue de Schifflange, L-3316 Bergem, Luxembourg, Pontpierre

Event Location & Nearby Stays:

Icon
Know what’s Happening Next — before everyone else does.
Gemeng Monnerech

Host or Publisher Gemeng Monnerech

Ask AI if this event suits you:

Discover More Events in Pontpierre

Merlett\u00ebfest 5
Fri, 08 May at 04:30 pm Merlettëfest 5

53 Rue Jean-Pierre Hilger, L-4980 Reckange-sur-Mess, Luxembourg

MUSIC ENTERTAINMENT
Messtival Vol. 5
Sat, 09 May at 02:00 pm Messtival Vol. 5

53 Rue Jean-Pierre Hilger, L-4980 Reckange-sur-Mess, Luxembourg

MUSIC-FESTIVALS KARAOKE
MultiKulti
Sun, 10 May at 11:00 am MultiKulti

53 rue Jean-Pierre Hilger, 4980 Reckange-sur-Mess, Luxembourg

MUSIC ENTERTAINMENT
ATE Fr\u00e9ijoers Fest 2026
Sun, 17 May at 11:00 am ATE Fréijoers Fest 2026

3 rue de Pontpierre, Monnerich, Luxemburg

FESTIVALS
Stand Up Comedy Night
Sat, 25 Apr at 08:00 pm Stand Up Comedy Night

Centre Culturel "Beim Nëssert"

COMEDY ENTERTAINMENT

What's Happening Next in Pontpierre?

Discover Pontpierre Events