LOF Oldtimer Brunch - Maison de Coiffure et de Beauté ByTun et Kiwanis Esch/Alzette
Schedule
Sun Apr 27 2025 at 09:00 am to 03:00 pm
UTC+02:00Location
109 Rue de l'Alzette, L-4011 Esch-sur-Alzette, Luxembourg | Esch-sur-alzette, LU
Advertisement
Den 27/04/2025 freeë mer eis nees op e flotte LOF Oldtimer Brunch zu Esch/Alzette an der Uelzechtstrooss, an zwar mat eisem Sponsor Maison de Coiffure et de Beauté ByTun, 109 rue de l'Alzette, Esch-Alzette an mam Kiwanis Esch/Alzette.Sonndes, de 27/04/2025 vun 9 bis 15 Auer.
Ab 9 Auer gëtt et Kaffi/Croissant beim Coiffeur Tun an am spéide Moie gëtt da fir de gudden Zweck gegrillt vum Kiwanis Esch.
Den Accès gëtt ausgeschëldert.
WICHTEG: DE PASSAGE FIR RETTUNGSDÉNGSCHTER MUSS ËMMER FRÄI BLEIWEN !
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer ab 25 Joer (Auto, Moto, Trakter, Bus, Militärgefier...), ob Member vun der LOF oder net.
Kommt also laanscht op e Kaffi, e Croissant, eppes Guddes vum Grill an e puer flott Gespréicher mat Gläichgesënnten.
Mir géingen eis freeën, wann der dësen Event op ärer FB-Säit géint deelen a wann der är FB-Frënn géint invitéieren.
Advertisement
Where is it happening?
109 Rue de l'Alzette, L-4011 Esch-sur-Alzette, Luxembourg, 109 Rue de l'Alzette, L-4011 Esch-sur-Alzette, Luxembourg,Esch-sur-AlzetteEvent Location & Nearby Stays:
