Kolja a Galina, wa Kuebe reesen...
Schedule
Sat Nov 09 2024 at 04:00 pm
UTC+01:00Location
7, rue du Schlammestee , 5770 Weiler-la-Tour, Luxembourg | Luxembourg, LU
Eng flott musikalesch Virstellung mat Masken a Bildprojektioun
nom Billerbuch vum Dany Gales
Déi zwee Kueben, Kolja a Galina, liewen a Russland.
Well et hinnen do am Wanter ze kal ass, maachen se sech op d’Rees...
Ënnerwee begéine si villen aneren Déieren a froen déi, wat si am Wanter man, fir net ze fréieren. Déi zwee Kuebe kréien allerhand Äntwerten!
D’Kanner gi matt an de Spektakel abezunn, andeems si matsangen, Geräischer maachen, e Rhythmus klappen, matsangen...
Den Text, d’Biller an d’Lidder vun dësem flotte Kuebespektakel gi vum Dany Gales, der Autorin vun dësem witzege Kannerbuch, selwer präsentéiert.
D’Geschicht gëtt musikalesch begleet vum Carmen Wurth op verschiddene Perkussiounsinstrumenter, vum Caroline Mirkes um Cello a vum Marc Demuth um Kontrabass.
Loosst Iech iwwerraschen a kommt mat de Kueben op d’Rees ...
Kommissioun fir Kultur an Interkulturell Zesummeliewe vu Weiler-la-Tour invitéiert Iech op ee musikalesche Kannerspektakel fir Kanner vun 3 bis 10 joer an hier Elteren.
Samschdeg, den 9 November 2024 um 16h00 am Centre culturel „An Huef“ - 7, rue Schlammestee | Weiler-la-Tour
Entrée : 15€ Erwuessen / 5€ Kanner (bis 12 Joer)
Reservatioun : 26 61 71 - 1 oder [email protected]
Where is it happening?
7, rue du Schlammestee , 5770 Weiler-la-Tour, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays: