Kleeder- a Spillbörs fir Grouss a Kleng
Schedule
Fri, 07 Nov, 2025 at 04:00 pm
UTC+01:00Location
73 Route du Vin, L-5447 Schwebsange, Luxembourg | Luxembourg, LU
Advertisement
Kommt laanscht op eis éischt Editioun vun der Kleeder- a Spillbörs zu Schwéidsbeng! Hei fannt Dir flott Kleeder an Artikelen zu gudde Präisser – a gläichzäiteg ënnerstëtzt Dir sozial Projeten.📅 Datum & Auerzäiten
Freideg, 7.11.2025: 16:00 – 20:00 h
👉 Schwanger Fraen a Mammen mat Kanner bis 2 Joer: 14:00 – 16:00 h
Samschdeg, 8.11.2025: 10:00 – 18:00 h
Sonndeg, 9.11.2025: 11:00 – 16:00 h
📍 Plaz: Augustinerhaus, 73 Route du Vin , Schwéidsbeng
📜Konditioune vun der Participatioun:
Mir sammelen gären är Kleeder a Spillsaachen an eisem Siège vum Syndicat zu Rëmerschen (nieft der Kierch) an.
De Client deposéiert seng Wueren um virdrun ausgemaachten Datum.
Well mir Wueren OUNI Client markéieren an Dir awer vläicht eng
spezifesch Präiserwaardung fir verschidden Artikelen hutt, markéiert se w.e.g. siichtbar op den Kleeder mat engem Post-it.
Erënnert eis nach eng Keier drun wann Dir Saachen ofgitt!
Soss wäerte mir Wueren wéi virgesinn markéieren.
Mir hunn eis op follgend Artikelen limitéiert :
✅ Bébé & Kannerartikelen Kleeder => Wichteg : gewäsch a gestreckt !
Kutsch, Buggy, Maxi Cosi, Kannerstull etc.
✅ Spillsaachen Gutt verpaakt a ganze Set.
Playmobil, Lego, Puzzel, Spiller, Poppen,
Autoen, Molbicher, Faarwen etc.
✅ Bicher & Hörbicher Max. 30 Stéck
Wichteg : nëmmen Kanner/Jugendbicher !
✅Damen & Härenkleeder Kleeder, Boxen, Blusen, Pullover, Mantel etc.
Wichteg : gewäsch a gestreckt !
❌ Wichteg : Keng DVD, CD! Keng Ënnerwäsch oder Schong!
Gitt w.e.g. nëmmen Artikelen of, déi am perfekten Zoustand sinn an déi Dir
och gäre bei eis kafe géift.
D’Participatiounskäschte vir de Client sinn 10.- Euro
Dir kritt 70% vum Verkaf a mat de verbleiwenden 30% ënnerstëtzt Dir
sozial Zwécker.
ℹ️ Méi Infoen: [email protected]
Advertisement
Where is it happening?
73 Route du Vin, L-5447 Schwebsange, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays: