Gréng Rentrée - Summerfest & Akademie

Schedule

Sat Sep 12 2026 at 09:30 am to 05:00 pm

UTC+02:00
Location

Chalet Geisserei, Scout Hall | Luxembourg, LU

Advertisement
Déi gréng Partei an de grénge politesche Grupp an der Chamber lueden iech häerzlechst op eis gréng Rentrée - Summerfest & Akademie an, den 12. September. Dat Ganzt fënnt an der Géisserei zu Weimerskierch statt (5 Rue Munchen-Tesch, 2173, Weimerskirch, Luxembourg) vun 9h30 Moies bis 17h Owes.
Moies si flott Atelieren zu interessanten Themen a Mëttes fënnt dann eist Summerfest statt mat Iessen, Drénken an Entertainment fir Jonk an Al!
Moiesprogramm - Akademie (9h30-12h):
Ab 9h30 ginn d'Dieren op, et gëtt eng Mëtsch a Kaffi an um 10 Auer geet eis gréng Akademie op, wou dir tëscht 4 Atelieren kënnt wielen:
1. Atelier: déi gréng an d'Rechter vun de Salariéeën - Aktuell Erausfuerderungen um Aarbechtsmaart an am Sozialdialog, organiséiert vum GT Soziales an der Chambre des salariés (CSL)
2. Atelier: Virtrag mat Q&A vum Dr. Claude Ewert (Uni.lu): «Von einer bipolaren zu einer multipolaren Weltordnung: Was bleibt von/für Europa?» organiséiert vun Zukunft Denken (ancien Gréng Stëftung)
3. Atelier: Schreif- a Presentatiounsatelier mam Bob Reinert vu FLUXUS - locker Schreifübungen, spannend Tricker fir e roude Fuedem ze schafen, passend Kierpersprooch & Gestik, Stëmm an Intonatioun an déi richteg Akzenter op déi richteg Plaz setzen.
4. Atelier: Philosopheschen Atelier mam Nora Schleich & Charel Margue iwwert de Sënn an Zweck vu gesellschaftlechem Engagement an der heiteger Welt.
Mëttesprogramm - Summerfest (12h30-17h)
Ab 12h30 hunn eis Gäscht d'Méiglechkeet bei engem vun 2 Foodtrucks z'iessen. E Gedrénks- an e Glacestand sinn natierlech och do. De ganze Mëtten iwwer ass fir e flotten Entertainment Programm fir all Alter gesuergt mat:
• Sprangschlass
• Face-Painting
• Geschichten vun der Geschichtenerzielerin Melissa (Muriel Nossem)
• Musék vum Blue-ish
• Kleedertauschatelier by déi jonk gréng (bréngt Kleeder mat!)
• Beerpong
• Corn-Hole
& more
*Mir bieden iech just iech hei unzemellen bis idealerweis Mëttwochs de 9. September fir Moies a Mëttes, esou dass mir eis organiséieren kënnen.
https://greng.lu/formulaire-umellung-grengt-summerfest-13-09/
Advertisement

Where is it happening?

Chalet Geisserei, Scout Hall, 5 Rue Munchen-Tesch, L-2173 Weimerskirch, Luxembourg

Event Location & Nearby Stays:

Know what’s Happening Next — before everyone else does.
d\u00e9i gr\u00e9ng
Host or Publisherdéi gréng

Ask AI if this event suits you