D’Alice am Verwonnerland
Schedule
Wed Oct 23 2024 at 08:00 pm
UTC+02:00Location
Ariston (Escher Theater) | Esch-sur-alzette, LU
An hirem éischte Solo-Programm fir d’Bün léisst d’Laure Schreiner d’Magie vum Kannerbuch Alice’s Adventures in Wonderland vum Lewis Carroll verschmëlze mat engem Bléck op eis sozial a politesch Géigewaart. „Theater ass fir mech Ënnerhalung“, seet si, „de Public soll laachen, awer och fir een Ament a sech goen.“ Mol satiresch, mol humoristesch kritt een op déi Manéier een Androck vum Verwonnerland Lëtzebuerg. Am Zentrum steet d’Situatioun vun de Jonken, ënner anerem hir Onsécherheet vis-à-vis vum Immobiliemarché an der Beruffswal. Och d’Ufuerderungen, déi un eng modern Fra gestallt ginn, ginn opgegraff. D’One-Woman-Show, fir déi de Jemp Schuster d’Mise en scène iwwerholl huet, bestécht duerch hire literareschen Toun, hir kritesch Haltung an hire séiere Witz.
Where is it happening?
Ariston (Escher Theater), 9 Rue Pierre Claude, L-4063 Esch-sur-Alzette, Luxembourg,Esch-sur-AlzetteEvent Location & Nearby Stays: