Workshop - Human Design mam Sally May

Schedule

Fri Apr 24 2026 at 06:00 pm to 07:30 pm

UTC+02:00

Location

11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg | Luxembourg, LU

Advertisement
Wat ass Human Design?
Human Design ass e System, eng Aart a Weis, ze verstoen, wien s du bass a wéis du funktionéiers. Et geet drëms, dech selwer méi déif z’erkennen an däi Liewe méi bewosst an authentesch ze liewen.
Däin Chart gëtt op Basis vun dengem Gebuertsdatum, Gebuertsauerzäit an dem Uert gerechent, an doraus kennt deng perséinlech Berechnung, d.h. deng eenzegaarteg perséinlech Kaart vun dir selwer.
Am Human Design ginn et fënnef (5) verschidden Typpen. All Typ huet seng eege Strategie, wéi een Entscheedungen am Liewen trëfft, a seng eegen Autoritéit, dh säin eegenen enneren Kompass, wéi een op d’Liewe reagéiert.
Am Chart gesäit ee faarweg, definéiert Energiezentren. Dat sinn deng konstant Stäerkten, Beräicher, wou s de Energie no baussen ausstréims.
Déi wäiss, oppen Zentren, dat si Beräicher wou een d’Aflëss vu bausse wouer hëlt, vun ee vun anere Leit ka léieren an hir Stäerkte ka wouer huelen.
Human Design verbënnt Wëssen aus verschiddene Richtungen, ënner anerem aus der Astrologie, dem Chakrensystem, dem I-Ging, der Kabbala an aus der moderner Wëssenschaft.
Wann s de der follgend Froe stells wéi:
Wien sinn ech?
Wat well ech am Liewen?
Wisou zweifelen ech ëmmer u mir?
Wisou sinn ech esou, wéi ech sinn?
…da kann Human Design dir eng Ënnerstëtzung sinn.
Wann s du dech selwer besser verstoen, méi an deng Kraaft kommen, authentesch an ausgeglach liewe wells, a gläichzäiteg deng Matmënsche besser verstoen a méi harmonesch Bezéiungen a Kooperatioune wëlls erliewen, da bass du an dësem Workshop richteg.
An dësem Workshop vun 1 ½ Stonn kucke mir eis un:
Déi 5 Human Design-Typpen, hir Aart a Weis wéi se sech presentéieren, sech ausdrécken a wat se brauche fir an hirer héchster Frequenz-Liicht ze sinn
D’Strategie vun all Typ: wéi een op d’Liewe reagéiert, wou ee Widderstänn vermeide kann
den Afloss vun den Energiezentren
Mir sinn alleguer eenzegaarteg, an Human Design erënnert eis drun, dës Eenzegaartegkeet ze erkennen an ze liewen.
Mäi perséinleche Wee mat Human Design huet mir gehollef méi authentesch ze sinn, mech selwer an och aner Mënschen, ouni Wäertung unzuhuelen. Meng Frequenz ze éieren, an déi beschte Versioun vun mir selwer ze liewen. Haut notzen ech dat Wëssen, fir anere Leit dobäi ze ënnerstëtzen, hiert Liewe méi bewosst a mat méi Freed ze liewen an ze genéissen.
De Ra Uru Hu seet:
Wann s du aanere Leit erlaabs sech selwer ze sinn, an si erlaaben dir ze sinn, wienst du bass, dat nennt ee Léift. Alles anescht ass Folter.
“If you allow someone to be who they are and they allow you to be who you are, then that’s love. Anything else is torture. Ra Uru Hu
Wéini: Freides den 24. Abrëll
Prais: gratis
Dauer: 1,5 Ston fun 18h-19h30
Limitéiert Platzen, Umeldung erfuerderlech iwwer email: [email protected] oder Tel. 26262201
Advertisement

Where is it happening?

11, rue de la Boucherie, 1247 Luxembourg, Luxembourg

Event Location & Nearby Stays:

Icon
Know what’s Happening Next — before everyone else does.
Scarabaeus SARL

Host or Publisher Scarabaeus SARL

Ask AI if this event suits you:

Discover More Events in Luxembourg

Halott P\u00e9nz in Luxembourg
Thu, 23 Apr at 07:00 pm Halott Pénz in Luxembourg

Melusina

Vom Schmugglerpfad zur Quelle der Gander
Fri, 24 Apr at 09:00 am Vom Schmugglerpfad zur Quelle der Gander

Rue de Hagen, L-5751 Frisange, Luxembourg

Maison&Jardin
Fri, 24 Apr at 01:00 pm Maison&Jardin

531 route de Thionville, L-5887 Alzingen, Luxembourg

BUSINESS EXHIBITIONS
Pikes 80's & 90's Party
Fri, 24 Apr at 05:00 pm Pikes 80's & 90's Party

12 Wäistrooss, L-5450 Stadtbredimus, Luxembourg

B\u00e9nabar I Luxembourg
Fri, 24 Apr at 07:00 pm Bénabar I Luxembourg

den Atelier

ART
Blame Emeraude \/ Dontnod \/ Freshdax
Fri, 24 Apr at 09:00 pm Blame Emeraude / Dontnod / Freshdax

Rocas

ART
Earthquake's B-Day Bash w.\/ Dj Ogi
Fri, 24 Apr at 11:59 pm Earthquake's B-Day Bash w./ Dj Ogi

Ground Luxembourg

PARTIES ENTERTAINMENT
PEACOCK invites Dj KATZ
Fri, 24 Apr at 11:59 pm PEACOCK invites Dj KATZ

14 Avenue de la Faïencerie, L-1510 Luxembourg, Luxembourg

\u201cL\u00ebtzebuerg, dat ass Vakanz!\u201d: Tourist season kick-off!
Fri, 10 Apr at 10:00 am “Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!”: Tourist season kick-off!

Place d'Armes, Ville Haute, Luxembourg

WORKSHOPS BUSINESS
Salsa & Bachata Workshops + Party Night - Narrative Dance School
Fri, 10 Apr at 08:00 pm Salsa & Bachata Workshops + Party Night - Narrative Dance School

Brasserie de l'Arrêt (Cubana Café)

DANCE ENTERTAINMENT
SB Party avec workshops by CubaYork Dance School\/DJ Tony\/DJ Willy
Sat, 11 Apr at 06:00 pm SB Party avec workshops by CubaYork Dance School/DJ Tony/DJ Willy

365 route de Longwy, 1941 Luxembourg, Luxembourg

ENTERTAINMENT DANCE
ATELIER D\u00c9COUVERTE DE LA M\u00c9DITATION ZEN
Sun, 12 Apr at 09:45 am ATELIER DÉCOUVERTE DE LA MÉDITATION ZEN

5, avenue Marie-Thérèse, Centre Convict, Luxemburg, Luxemburg

HEALTH-WELLNESS MEDITATION
The Secret Wisdom of Horses & Earth
Sun, 12 Apr at 10:00 am The Secret Wisdom of Horses & Earth

Räm's Haff

WORKSHOPS
Flamenco dance initiation: come & discover your Flamenco inner
Sun, 12 Apr at 11:00 am Flamenco dance initiation: come & discover your Flamenco inner

Flamenco Luxembourg asbl - Flam&Co

DANCE WORKSHOPS
Yoga class in english
Mon, 13 Apr at 05:30 pm Yoga class in english

4, avenue des Bains, Mondorf-les-Bains, Luxembourg

HEALTH-WELLNESS WORKSHOPS
Fundamentals of Improv: 6week course
Mon, 13 Apr at 07:00 pm Fundamentals of Improv: 6week course

Le Croque Bedaine Luxembourg

WORKSHOPS ART
C\u00e9il\u00ed dancing workshop \/ Balfolk Irlandais
Tue, 14 Apr at 07:15 pm Céilí dancing workshop / Balfolk Irlandais

Top Squash Fitness & Leisure, Sandweiler

WORKSHOPS
De M\u00ebnsch an d'Maschinn. Den \u00cbmgang mat der KI am digitalen Z\u00e4italter
Wed, 15 Apr at 07:00 pm De Mënsch an d'Maschinn. Den Ëmgang mat der KI am digitalen Zäitalter

28, rue Münster, 2160 Luxembourg, Luxembourg

WORKSHOPS FESTIVALS
SmartCafe - Digital fit ass keng Altersfro
Thu, 16 Apr at 02:30 pm SmartCafe - Digital fit ass keng Altersfro

1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg

Procurement Unplugged: Innovation, Transformation & What\u2019s Next
Thu, 16 Apr at 07:00 pm Procurement Unplugged: Innovation, Transformation & What’s Next

PwC Luxembourg

WORKSHOPS BUSINESS

What's Happening Next in Luxembourg?

Discover Luxembourg Events