Wanterfest 28.11.26🎄✨

Schedule

Sat Nov 28 2026 at 11:00 am to 08:00 pm

UTC+01:00
Location

FNEL Scouten A Guiden | Luxembourg, LU

Advertisement
Mir lueden iech alleguer nees ganz häerzlech op eist 3. Wanterfest an ✨☺️
☕️Vir den Duscht:
Kaffi, waarme Schoki 🍫, Glühwäin 🍷 a vill aner Gedrénks 🥰
🍽️ Fir de Bauch:
🌶️ E leckere Chili
🧅 Eng gutt Ënnenzopp
🧀 Hausgemaachte Spätzle mat Kéis
🍰 Fantastesch Kuchen
💛 All Erléis geet direkt un eis Déieren am Asyl a Rumänien🐶🐱also kommt laanscht, genéisst a maacht domat eppes Guddes!🥰
🎉 Dat erwaart iech:
🎁 Tombola mat mega Präisser
📸 D'Fotografin Audrey Almeida mécht genial Fotoe vun äre Muppen
🛍️ Verkafsstänn mat allem fir d'Déieren
ℹ️ Infostänn rondrëm Déieren an ronderëm eis Hënn a Kazen a Rumänien
🎄 Verkafsstänn mat Chrëschtdekoratiounen, Schmuck an weiderem!
🔥 Marshmallows um Lagerfeier
🩹 Éischt-Hëllef-Cours fir äre Mupp
🥰 Jiddereen ass wëllkomm:
mat oder ouni Mupp(en)! Als Déierefrënn feiere mir zesummen an hunn e flotten Dag!
🚗 Parking:
Et gett e Parking op der Plaz, mee limitéiert. Dir kënnt och an der ganzer Rue de Trèves parken oder kommt bequem mam ëffentlechen Transport! 🚌🚏

Mir freeën eis op iech 🥰🩷
Advertisement

Where is it happening?

FNEL Scouten A Guiden, 61A, rue de Trèves,Luxembourg, Luxembourg

Event Location & Nearby Stays:

Know what’s Happening Next — before everyone else does.
Das schwarze Schaf
Host or PublisherDas schwarze Schaf

Ask AI if this event suits you