Open-Air Concert Tom Gaebel mam Luxembourg Jazz Orchestra
Schedule
Thu Jun 19 2025 at 08:30 pm to 10:30 pm
UTC+02:00Location
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, Luxembourg | Luxembourg, LU
Advertisement
Am Kader vum 25. Anniversaire vun der HGM invitéiert d’Gemeng Mamer op den Open-Air-Concert vum Luxembourg Jazz Orchestra (LJO) mam däitsche Sänger an Entertainer Tom Gaebel. Dëse gratis Concert ënnert fräiem Himmel war ursprénglech schonns leschte Summer geplangt, huet dunn awer missten wéinst Onwiederen an aus Sécherheetsgrënn um Dag selwer ofgesot ginn.
De Luxembourg Jazz Orchestra (LJO) ass eng klassesch Big-Band mat den deels beschte Museker aus der lokaler Zeen an trëtt reegelméisseg mat internationale Gäscht op.
Et ass net déi éischte Kéier, dass den Orchester, ënnert der Leedung vum Ernie Hammes - dee gläichzäiteg och Dirigent vun der Harmonie Gemeng Mamer ass - mam Tom Gaebel, bekannt als den däitsche Frank Sinatra, op d’Bün geet, fir beschtbekannte Klassiker wéi New York, New York, Strangers in the Night an My Way ze interpretéieren.
An Däitschland ass den Tom Gaebel – Sänger, Entertainer a Museker – mat senger eenzegaarteger Stëmm fir Big Band Sounds e grousse Star.
Kommt den 19. Juni fir 20.30 Auer op Mamer an erlieft en onvergiessleche musikaleschen Owend mam LJO an hirem Special Guest Tom Gaebel.
Advertisement
Where is it happening?
1, Place de l'Indépendance, 8252 Mamer, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays: