Info-Owend Solarenergie an Energiespäicher
Schedule
Wed Mar 15 2023 at 06:00 pm to 07:30 pm
Location
ErwuesseBildung | Luxembourg, LU
About this Event
An dësen onsécheren Zäiten ass et méi wéi jee wichteg fir eisen Energieverbrauch ze reduzéieren, engersäits wéinst de Käschten an anerersäits fir eis Ëmwelt ze schützen. Unhand vu ville klenge Verbesserunge weist den Energieberoder Marcel Barros wéi een dat erreeche kann. Et muss net ëmmer direkt eng nei Heizung sinn. Natierlech spillt Solarenergie dobäi eng wichteg Roll. Och d'Späicherung vun dëser Energie (a Form vun Hëtzt an natierlech och vu Stroum an enger Batterie) gëtt dobäi ugeschwat.
Niewent dem Beruff als Energieberoder interesséiert de Marcel Barros sech fir vill Do-it-Yourself Projeten. Hien huet wärend 4 Joer eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Nohaltegkeet an de Primärschoulen uechter d‘Land duerchgefouert, a vill aner Workshops a Jugendhaiser a Maison Relaisen organiséiert. Och beim RepairCafé ass hie reegelméisseg aktiv.
- - -
Umelle bis: 13/3/2023
Info an Umeldung: [email protected]
Sprooch: Lëtzebuergesch
Entrée: gratis, mir stellen eis Këscht op.
Wou? ErwuesseBildung, 5 av. Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg
Where is it happening?
ErwuesseBildung, 5 Avenue Marie-Thérèse, Luxembourg, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays:
EUR 0.00