Grouss Liewensfroen: SCHOUL – AN HIR ALTERNATIVEN
Schedule
Thu, 27 Mar, 2025 at 06:30 pm
UTC+01:00Location
5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, Luxembourg | Luxembourg, LU
Advertisement
Enn Mäerz hu mir eis ee grousst Thema virgeholl. Bei dëser Table Ronde geet et ëm vill, nämlech ëm Formen, Modeller, Iddien, wéi eng Ausbildung ausgesi soll a kann. Den traditionelle Schoulsystem gëtt et jo eigentlech net méi, oder dach? Alternativen dozou etabléieren sech, mee ginn deelweis awer nach ëmmer als Ausnam gehandelt.Mee wat ass dann eigentlech d’Roll vun der Schoul? Wien entscheet, wat se ze leeschten huet? Si mer do politesch ënnerwee, oder sträife mer och aner Beräicher? A geet dat net och anescht?
🗣️Et diskutéieren:
- Johny Diderich (Selbstbestëmmt Bildung)
- Philippe Demart (Lycée Ermesinde)
- Manou Worré (ZpB, Léieren duerch Engagement)
- Luc Weis (Script)
❗️Et ass genuch Zäit geplangt, fir dass Dir matschwätze kënnt – an och onbedéngt sollt, well dëst Thema huet eng ongleeflech gesellschaftlech Relevanz.
Als Kooperatioun mat: UP_Foundation, forum, ZpB.
---
Ëm Eng Umeldung gëtt gebieden: [email protected] | +352 44 743 340
Fir méi Informatiounen 👉🏼 https://ewb.lu/event/schoul-an-hir-alternativen/
Advertisement
Where is it happening?
5, avenue Marie Thérèse, 2132 Luxembourg, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays:
