EwB | Tabuthemen-Zyklus Essstörungen Rundtischgespräch
Schedule
Thu Feb 02 2023 at 06:00 pm to 08:00 pm
Location
ErwuesseBildung | Luxembourg, LU
About this Event
Eisen Zyklus Tabuthemen geet mam Thema Iessstéierung(en) an déi 2. Ronn.
An dësem Zyklus schaffe mir Themen op, déi nach ëmmer net wierklech vun der Gesellschaft esou däitlech wouergeholl ginn, wéi se eigentlech missten.
Et geet eis ëm eng verstäerkte Bewosstsinnsaarbecht: Iessen ass fir vill Leit selbstverständlech, mee fir anerer e richtege Problem, dee grave kierperlech Folge kann hunn an esouguer zum Doud féiere kann. Wat awer eng Iessstéierung ass, oder wéini et eng ass, ass net kloer. Et ass fir de Betraffene selwer schwéier ze gräifen a fir baussestoend Leit nach vill méi.
Gutt gemengte Rotschléi wéi "Dann iess dach mol eppes" oder ähnlech Äusserungen kënne vill schueden an de Betraffenen nach méi veronsécheren. Fir eis Gesellschaft ass et wichteg, datt mer dowéinst iwwer sou Problemer schwätzen, d'Aen opmaachen a verstinn, ëm wat et geet, fir eppes ënnerhuelen ze kënnen, fir eis ze këmmeren: D'Wëssen ëm d'Thematik ass ee wichtegen éischte Schratt:
Wat heescht et iwwerhaapt, net iessen ze kënnen? Wat ass Binge-Eating?
Wéini läit eng psychesch Stéierung vir?
Wat ass den Ausléiser? Wéivill Afloss huet eist westlecht Bild vum Kierperideal?
Wat kann ech maachen? U wien wenden ech mech?
Wéi kann d'Gesellschaft präventiv handelen?
Ëm den Dësch sëtzen d'Céline Genson (Diéticienne), d'Claudia de Boer (Psychotherapeutin), Gaby Stein (Mamm vun enger fréierer Betraffener) an de Steve Goerend (fréieren Betraffenen).
- - - - -
Eng Umeldung wier favorabel.
Umelle bis: 31/1/2023
Info an Umeldung: [email protected]
Sprooch: Lëtzebuergesch
Entrée: fräi, mir freeën eis iwwert e klenge Bäitrag an eis Donskëscht
Wou? ErwuesseBildung, 5 av. Marie-Thérèse, Luxembourg
Where is it happening?
ErwuesseBildung, 5 Avenue Marie-Thérèse, Luxembourg, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays: