Beaujolais Nouveau Owend
Schedule
Sat Nov 23 2024 at 07:00 pm
UTC+01:00Location
Cafe restaurant Schlassstuff | Luxembourg, LU
Advertisement
Den 21 ten November 2024 kënnt den neien Beaujolais Nouveau 2024 nees eraus. Mir fannen, dass daat eng flott Gelee’enheet wier, deen zesummen ze schmaachen. Well een jo awer net nëmmen Wain drenken kann, mee och eppes Klenges fir hannert d’Knäpp brauch, maachen mir en Kéisbuffet derbei. Dësen Buffet gët natierlech gudd gefëllt mat sëllechen Zorten vun Kéisen. Fir déi, déi net frou mam Kéis sin, gët et nach kaalen Plat (Hâm, Salami, Paté) sou dass fir Jiddereen eppes derbei ass. Mir hun jo schon e pur Mol esou en Beaujolais-Owend gemeet, an dat huet deene Leit, déi derbei waren, ëmmer super gefall.
Daat Ganzt ass Samschdes, den 23. November 2024 am Café Restaurant SchlassStuff 4, rue de Hassel L-5772 Weiler-la-Tour. Et geet um 19h mam Apéro lass. Uschléissend geet dann den Buffet op, deen dann dauert bis deen Leschten Heem geet. Den Präis fir dësen gesellëchen Owend ass pro Persoun 24 Euro fir Memberen an 27 Euro fir Net -Memberen .
Am Präis mat abegraff sin: den Kéisbuffet an e Patt Beaujolais Nouveau 2024 oder en Softdrink fir déi Leit ,déi et méi lues wëllen ugoen loossen. Well mir jo keng 3 Zenner Kéis dohinner stellen kënnen, muss dier Iech unmellen.
Daat kënnt dier bis den 18 November ewéi gewinnt beim Haller Nico um Tel.: 621165476, beim Bertrand Marco um Tel.: 621175936 oder beim Bintener Sandra um Tel.: 691902808. Jeweils mëndlëch, op den Repondeur oder SMS.
Dës Kéier kënnt Dir Ierch awer och am Café SchlassStuff selwer um Tel.: 26510119 umellen.
Définitiv ugemellt sitt Dir awer eréicht, wann ären betreffenden Montant bei Engem vun eisen Commitésmemberen bezuelt as oder op den Kont IBAN LU26 0019 5555 7493 6000 bei der BCEELULL iwerwisen gouf .
Advertisement
Where is it happening?
Cafe restaurant Schlassstuff, 4 rue Hassel,Weiler-la-Tour, LuxembourgEvent Location & Nearby Stays: